Eng Passioun fir Toun a Geschicht
Wëllkomm a mengem Tounstudio.lu. A mengem klengen Atelier am Norde vu Lëtzebuerg maachen ech Keramik vun Hand –All Stéck ass e bëssen anescht an domadder en Unikat . Kuckt Iech gären ëm.

Mäin Atelier a meng Visioun
A mengem Keramikatelier schaffen ech mat traditionellen Techniken, awer mat mengen eegenen, eenzegaartege Formen an einfache Glasuren. Ech dréinen oder formen all Stéck vun Hand, wat bedeit, datt keng zwee Stécker exakt d'selwecht sinn. Mäin Zil ass et, Keramik ze schafen, déi net no nëmmen enger Saison an enger Tirang oder um Späicher lant.

De Monogramm vun onsem Groußherzog Guillaume
Mäi Wee zeréck an d'Keramik huet mam Trounwiessel vum Groussherzog Guillaume ugefaangen. Fir de Projet „Monogramm Guillaume“ sinn ech no ville Joren zu mengem urspréngleche Beruff zeréckgaangen an hu gemierkt, wéi staark mir dat gefeelt huet. Doduerch ass eng limitéiert Erënnerungsplack entstanen. Kuckt Iech déi entspriechend Rubrik un.

Perséinlech an online
Dir kënnt Är Liblingsstécker ganz bequeem am Online-Shop bestellen oder se direkt a mengem Atelier zu Buurschent ofhuelen. Léiert meng Aarbecht perséinlech kennen, oder besicht mech op regionale Konschthandwierksmäert.